- Prix réduit

1.
Wou d'Uelzécht durech d'Wisen zéit,
duerch d'Fielsen d'Sauer brécht,
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
den Himmel Wäin ons mécht -
dat as onst Land, fir dat mer géif
hei nidden alles won.
|: Onst Heemechtsland, dat mir so déif
An onsen Hierzer dron. :|
2.
An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soë kann,
An 't si keng eidel Dreem:
|: Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi as 't sou gutt doheem! :|
3.
Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
a jidder Broscht gedon;
Fir d'Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt,
|: gräift äis an d' Séil wéi Himmelstéin
an d'A wéi Feier blénkt. :|
4.
O Du do uewen, deem seng Hand
duerch d'Welt d'Natioune leet,
Behitt Du d'Lëtzebuerger Land
vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
|: Looss virublénken d'Fräiheetssonn,
déi mir so laang gesinn! :|
Votre avis ne peut pas être envoyé
Signaler le commentaire
Signalement envoyé
Votre signalement ne peut pas être envoyé
Donnez votre avis
Avis envoyé
Votre avis ne peut être envoyé
check_circle
check_circle